Eis Clôturen aus Holz ginn individuell ugefäerdegt, sou dat de Client eng grouss Auswiel huet: variabel Héichten a Längten, ënnerschiddlech Hëlzer (imprägnéiert Ficht, Douglas, Mélèze etc.), Ausriichtung vun den Dill horizontal oder vertikal, Montage vun den eenzelen Dill mat Splack (Siichtschutz) resp. ouni Splack (Siicht- a Lärmschutz).