Et gëllt fir all Konstruktioun aus net traitéiertem Holz déi dobausse steet: d’Holz brauch en Entretien well et dem Reen, der Sonn an Insekten ausgesat ass.
Holz ass en natierleche Produit, dee sensibel op Fiichtegkeet reagéiert an ni komplett waasserdicht ka sinn.
Et ass also immens wichteg, d’Holz géint Fiichtegkeet, UV-Stralen an Insekten ze schützen. Mat dem richtegen Entretien kënnt Dir d’Liewensdauer vun Ärer Konstruktioun verduebelen oder nach weider verlängeren.
Chalet Center rot Iech dofir un all d’Holzflächen bannen a baussen nom Montage mat engem duerchsiichtege Präventivmëttel ze imprägnéieren.
Uschléissend hutt Dir de Choix tësche verschiddene Lasuren déi d’Holz géint d’Fiichtegkeet a géint d’UV-Strale schützen.
Holzkonstruktiounen hu vill Charme, mee hunn och hir Nodeeler: Holz schafft a verformt sech jee no de Wiederkonditiounen. Hei sinn einfach Reglagen néideg, déi Chalet Center duerchféiere kënnt.