Mir suergen fir Är Zefriddenheet!

CHALET CENTER ass zanter méi wi 20 Joer Äre kompetente Partner beim Erriichte vu Gaardenhaisercher, Garagen, Carporten an nach villem méi aus Holz.

All eis Konstruktioune ginn a Westeuropa produzéiert an d’Hëlzer stamen aus Skandinavien (PEFC-zertifizéiert).

Mir bidden Iech de komplette Service un vun der Demande op der Gemeng iwwert d’Fondatioun bis hin zur fäerdeger Konstruktioun an dem spéideren Entretien, alles aus enger Hand mat eisen eegene Monteuren a Steemetzer.

Mat eise Steemetzer kenne mir allerlee Aarbechten ronderëm Äert Haus realiséieren, och wann Dir keng hëlze Konstruktioun braucht.

Eng perséinlech Berodung vum Patron selwer, fachgerecht ausgefouert Aarbechten an d’Zefriddenheet vun eise Clienten sinn eist Haaptzil.

 

Besicht eist Geschäft mat Ausstellung zu Eppelduerf fir Iech vun der Qualitéit vun eise Produiten ze iwwerzeegen, mir géifen eis iwwer Äre Besuch freeën.

Mir beroden Iech onverbindlech.

Är Equipe vu Chalet Center.